Go to :

... Verléift an de

4. Tunnel mam Gilbert Pregno

Am Kader vum Weltdag vum Buch 2014

„ De Gilbert Pregno (Joergang 1953) ass gebiertegen Déifferdenger an schafft zanter 1988 an der Stëftung Kannerschlass. Hie leet e Weiderbildungsinstitut (CERES, Centre de ressources et de formation familiale et professionnelle) wat aus 2 Deeler besteet. Engersäits der Eltereschoul Janusz Korczak, déi 2002 gegrënnt ginn ass a wou eng vun den 1. ëffentleche Versammlung zu Déifferdeng am jëtzege Kulturhaus statt fonnt huet, a Präsenz vun der deemoleger Familljeministesch Marie-Josée Jacobs an dem deemolege Buergermeeschter Claude Meisch. Am CERES ass och eng Fortbildungsstätt fir Professioneller aus der Sozialaarbecht, déi an de leschte Joere méi wéi 100 zum Deel ganz bekannte Leit aus dem In- an Ausland agelueden huet. De Gilbert Pregno ass vu Grondausbildung Psycholog an huet sech an der systemescher Familljentherapie weidergebilt, ass ausgebilte Supervisor a Lehrtherapeut. Hien gëtt Konferenzen a Weiderbildunge fir Professioneller an animéiert Owender fir d’Eltereschoul. Déi lescht 15 Joere war hien aktiv an der Mënschen- an och Kannerrechtzeen an huet zahlreich Bäitreeg geliwwert zu Froen, déi mat der Erzéiung, dem Kannerschutz an der psycho-sozialer Betreiung vu Kanner a Familljen ze dinn hunn.

Hien ass säit hirer Grënnung Member, an zanter e puer Méint President vun der „Commission consultative des Droits de l’Homme“ an Member  vum Verwaltungsrot vun  Unicef Lëtzeburg.

 „De Gilbert Pregno huet zanter 2005 regelméisseg Kommentaren am Kader vun der Sendung „Cartes blanches“ op RTL gemaach. Et sinn der bis 2013 am ganzen 50 gewiescht. D‘Themen waren ganz ënnerschiddlech: si haten vill mat Erzéiung ze dinn, der Fro wéi eng Roll d‘Eltere fir hier Kanner hunn a wéivill Foyer, Crèche an Maison Relais, Schoul erdrobar ass fir Kanner? Wéi eng Hëllef brauchen déi Kanner, déi an Nout sinn, an wéi eng Plaatz huet den Jugendschutz? Hien huet sech interesséiert fir grouss Mënscherechtler, Pädagogen a Wëssenschaftler wéi Primo Levi, Nic Klecker,  Maria Montessori, Stéphane Hessel, Paul Watzlawick, … Den Ëmgang mam sexuellem Mëssbrauch an der Justiz an och an der Kierch, Guantanamo an do besonnesch d’Folter vun engem mannerjährege Prisonnéier dem Omar Khader, d’liewengslänglech Prisongsstrof vum Jens Soering, engem onschëllegen Däitschen an enger amerikanescher Haftanstalt, waren aner Themen.

Di Kommentaren sinn an sengem Buch „… Verléift an de 4. Tunnel“ :  de Gilbert Pregno wäert der eng Rei doraus liesen an bidd den Teilnehmer un, mat him doriwwer ze diskutéieren.“

Musikalesch Begleedung: Jazz Guitar Duo (Paulo Simões a Greg Lamy)