Go to :

Lundi littéraire -

Klangfaarwen

Och 2013/2014 ginn de Jhemp Hoscheit an de Julien Arpetti nees op Liestournée. Et ass keng tradionell Liesung, mä Text a Musek ergänzen sech: Ausschnëtter aus dem Jhemp Hoscheit sengen dräi Romaner Perl oder Pica, Aacht Deeg an der Woch a Klangfaarwen wiesselen sech of a vermëschen sech op eng flott an iwwerraschend Manéier mat musikaleschen Tëschespiller a mat Lidder, déi de Julien Arpetti op der Gitar begleet a mol aleng, mol zesumme mam Auteur séngt.

D'Texter sinn esou ausgewielt, datt e literarescht a musikalescht Zesummespill tëscht Museker an Auteur entsteet: mol intim an eescht, mol witzeg a verspillt...


Ceci pourrait vous intéresser