Go to :

Annulé

Lundi littéraire avec Josiane Kartheiser

D’Josiane Kartheiser ass 1950 zu Déifferdeng gebuer, huet englesch an amerikanesch Literatur studéiert, als Joumalistin a Literaturkritikerin geschafft a Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ginn. Si huet Kannerbicher an Theaterstécker geschriwwen an eng Rei Bicher fir Erwuessener publizéiert mat Cabaret, Glossen, Reestexter, Kuerzgeschichten a Kuerzkrimien. 

Si schreift op Lëtzebuergesch an op Daitsch, ass Member vum Institut Grand-Ducal a krut 2010 den Anne-Beffort-Präis vun der Stad Lëtzebuerg. 

Si liest aus hiren dräi leschte Bicher, „Kauf dir doch ein Leben“, „Ech a mäi Selfie“ an „D’Zukunft läit am Avenir“.

Si gëtt musikalesch vum Nathalie Morettoni a vum Linda Vandewalle begleet.