Go to :

Endlech Alaska!

Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska.) an dem Marcel sengem Ausfluch an d’Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?), maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d’Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.

Mam Monique Melsen, Mady Dürrer a Marcel Heintz 

Text: Jay Schiltz

Regie: Claude Mangen

Regieassistenz: Cristina Kneip

Kostümer: Sylvie Hamus 

Technik: Jaakes Hoffman a Charlel Stoltz


Ceci pourrait vous intéresser