Go to :

Mämmories

Michèle Turpel & Jemp Schuster

No „Croque Mëssiö“ (2009) an „Autopsy“ (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) säin 3. Soloprogramm „Mämmories“.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärercher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva, an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an – am Stil vum magesche Realismus.

Zousätzlech Informatiounen

Spill: Michèle Turpel 
Text & Regie: Jemp Schuster 
Musek: Claire Parsons