Go to :

HPG meets

LAML

Et ass déi zweete Kéier datt d’Harmonie des Jeunes Prince Guillaume Déifferdeng den Schoulorchester aus dem Lycée Aline Mayrisch op Besuch huet. Fir den 125ten Anniversaire vun der HMDifferdange haten déi zwee Ensemblen schonn d'Geleeënheet zesummen de Musical „Freude” ze realiséieren. Déi zwou Jugendmuseken sinn houfreg Iech kennen en Abléck an hier jeeweileg Programmer ze ginn, woubäi den Héichpunkt vun dësem Evenement dee gemeinsamen Ofschloss ass, mat ronn 60 jonke Musikanten.