Go to :

D'Kachboun. Maus Ketti vs. Lea Linster

T’ass Kiermes am Duerf! D’Schueberfouer ass un! De Chrëschtmaart geet op! A séier dohi well et gëtt e Luxringer! Sonndes e gudde Brot. Wann ee krank ass eng Britt. Iessen als Heelmëttel, als emotional Stäip a schwéiere Momenter. Iesse kann awer och gewëssen nostalgesch Momenter ervirbréngen. Iesse fir ze feieren, Iessen als Deel vun der lëtzebuerger Kultur. Beim Iesse kommen d’Leit zesummen, et ass also net nëmmen ëmmer fir sech ze gavéieren mä och fir seng sozial Kontakter ze fleegen. Wéi wichteg sinn d’Iessfester zu Lëtzebuerg fir d’Duerfkultur? Wéi wichteg sinn se fir eis Économie? Wéi wichteg sinn se fir d’Lëtzebuerger Identitéit? Wat ass Lëtzebuerger Kascht? An dësem Theaterstéck dréint sech alles ëm d’Iessen a säi Stellewäert an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg. Eng Handvoll lëtzebuerger Texter, e puer Prise Geschichte vu lokale lëtzebuerger Bio-Auteuren, e puer Kachbicher an zum Schluss wa bis alles gekacht huet, lëtzebuerger Lidder fir deem Ganzen e pimentéierten Touch ze ginn. Mat all dësen Ingredienten ass eng satiresch Schlupp (och nach Cabaret genannt) entstanen.