Go to :

Passion Fruit Markes Market

2. Editioun

Passion Fruit Makers Market invitéiert Iech op een Dag voller Konscht, handgemaachte Produkter a kënschtlerechen Entdeckunge wéi Schmuck, Keramiken, Kaarten, Prints, Design-Kleeder a villes méi. Kommt a shoppt vu ronn 30 lokale Kënschtler.innen, Handwierker.innen a Marken an engem eenzegaartege Kader.

Dëst ass déi 2. Editioun vum Passion Fruit Makers Market op der Zowaasch, organiséiert vun Alchemilla Lëtzebuerg, ee klenge Buttek am 1535° Creative Hub, dee selbstänneg Kreateuren aus aller Welt ënnerstëtzt.

Virun der Dier fannt Dir sëllege Foodtrucks, déi fir Iessen a Gedrénks beschtens suergen.

 

An den Highlights op der Instagramsäit @alchemilla.lxb kritt Dir e puer Impressioune vun eiser éischter Editioun an demnächst ginn och d'Kënschtler, déi dëst Joer matmaachen, annoncéiert.