Go to :

La Sauvagerie

Op Lëtzebuergesch wgl.

La Sauvagerie – dat ass Stand-Up an der fréierer Kierch op der Zowaasch, wou sech Geschicht an Natur treffen an eng wëll a poetesch Ambiance schafen. Dës Mëschung bitt de Kënschtler an dem Public e ganz aussergewéinleche Kader.

Fir dës zweet Editioun vu La Sauvagerie hu mir de Shayan Mehr vum Kollektiv Luxembourg Comedy gefrot, fir eis e Comedy-Owend mat fënnef Komiker op d’Been ze setzen – op Lëtzebuergesch wannechgelift.

De Shayan Mehrafza ass Schauspiller, Moderator a Komiker an der nach relativ jonker Lëtzebuerger Stand-Up-Comedy-Zeen. Op de wéchentlechen oppene Bünen am Gronn, déi op Englesch stattfannen, ass de Shayan ëmmer ënner den Top 12. Woubäi ze bemierken ass, datt an der Reegel och net méi wéi 12 Komiker den Owend optrieden. Nodeems hie Comedy op Englesch a Franséisch gemaach huet, fënnt hien, datt et Zäit wier, dat Ganzt op Lëtzebuergesch ze maachen.


Ceci pourrait vous intéresser