Go to :

© Alessio Sciamanna

Exposition Alessio Sciamanna

„Mat 18 Joer, als Schüler am Jongelycée zu Esch op enger Konschtsektioun maachen ech quasi nëmme Konscht fir aner Leit, respektiv muss ech ëmmer de Wonsch vum Professer respektéieren, fir dass herno d’Notten net ënnert 30 leien. Dee Leeschtungsdrock ass leider en Deel vu mengem Liewen an dee wäert sécherlech net manner gi mat de Joren. Trotzdeem sinn ech frou, dass ech mech vun der Schoul léise kann an e puer eegestänneg Wierker schafe kann, ouni dass ee mer seet, wei et gemaach soll sinn. 

Eigentlech wëll ech näischt Extraes mat menge Biller ausdrécken. Wat mir wichteg ass, ass, datt d’Leit versichen, eppes dorausser ze interpretéieren a sech eng eege Meenung dozou maachen. Et ass egal, ob de Betruechter se gutt fënnt oder net, d’Haaptsaach ass, datt hie sech mat menge Biller konfrontéiert huet.“

Alessio Sciamanna 

De Vernissage vun der Ausstellung fënnt den 11. Mäerz um 19.30 Auer statt. Duerno ass d’Ausstellung vu méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer op.