Go to :

IRINA

Éischten Deel: Sven Sauber

Alles huet ugefaangen als musikaleschen Duo: D’Irina an d’Kim hunn sech 2009 kennegeléiert a scho kuerz dono sinn si a sämtleche Caféen am Minett opgetrueden. Kuerz drop hunn si hiren éischten Album opgeholl, ganz gemitterlech an hirer Wunneng. Mat der Zäit huet sech dës musikalesch Famill vergréissert, a mëttlerweil ass IRINA eng Band voll verschiddener Talenter. Si hunn zesummen schonn 2 CDen erausbruecht, „Home“ (2016) a „Colors“ (2019). Hir Musek ass dynamesch, voll Energie a gëtt vun enger eenzegaarteger Stëmm gedroen. Och wann IRINA virun allem zu Lëtzebuerg optrëtt, esou hunn si awer och schonn an der Belsch, a Frankräich, an Dätschland an an Italien weisen kënnen, wat si drop hunn.

2020 gëtt e Joer mat schéinen neien Erausfuerderungen, ënnert anerem geet et am Abrëll erëm an de Studio, fir nei Lidder opzehuelen. E puer vun dëse Lidder stellt d’Band awer schonn den 28. Februar 2020 am Ale Stadhaus zu Déifferdeng vir. Den Owend gëtt ënnerstëtzt vum Singer-Songwriter Sven Sauber.

Gesang a Gittar: Irina Holzinger
Gittar a Banjolele: Kim Mersch
Keys an Akkordeon: Bob Mersch
Bass: Davide Mirizzi 
Drums: Tom Roilgen 
Perkussioun: Erny Sauber


Ceci pourrait vous intéresser