Revue 2014 -
Neit Féiwer
Nom enorme Succès vun deene leschte Joren, deen d’Revue am ganze Land kennt, kënnt d’Revue vum Lëtzebuerger Theater fir d’alleréischt an hierer Geschicht op Déifferdeng, an dat an dee fonkelneien Centre Culturel „Stadhaus“. Dir laacht iwwert dee satireschen Jores-Réckbléck vun der Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“, iwwert alles dat, wat eist Ländchen sou an „Otem“ gehal huet am Waljoër 2013.
Et spillt wéi gewinnt d‘Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“.
Regie: Zoltan Gaetti
Musik: Heng Kleren a Robi Arend
Scenographie: Sophie Maurer
Choreographie: Li Marteling
Inspizienz: Josée Conrardy
Kostümer: Milly Heck
Coiffure a Maquillage: Coiffure et Beauté By Tun