Go to :

© Jeanine Unsen

De Kapitän Mullebutz (scolaires)

Kannerlidder aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt

E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren.

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasser-matrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg, and let me tell you: si si wibbeleg. Aus der ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, déi déi kleng Piraten un d’Wibbele kréien: danzen, sprangen, sangen… Haaptsach gutt Laun. Och d’Madamm Li wëll, dass hir Matrouseband eppes fir d’Figur mécht an nees gutt fit a Form sinn.

Déi erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt an danzt mat eis. Ei, dat gëtt e Spaass!

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaasser-matrouse spillen bekannte Kannerlidder & Popsongs vu Sterny-Courquin/Poutty Stein bis Van Halen & The Cure, wéi gewinnt a flott arrangéiert vum Georges Urwald. Si invitéieren d’Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotten Nomëtteg ze erliewen.

E Projet vum Dan Tanson & Georges Urwald.

Iddi, Konzeptioun a Gesank:
Dan Tanson
Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill: Georges Urwald
Gittar: Christian Peckels
Bassgei: Tom Wiot
Trompett: Jhang Kohnen
Getrommeltes an Elektronik: Max Sauber
Gei a Gesank: Noémie Leer

Gebärden: Véronique Steinmetz
Tountechnik: Georges Majerus
Kostüm: Joey Adam
Visuals: Claude Grosch

Produktioun:
AllerRetour asbl, Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun: Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange


Ceci pourrait vous intéresser