Go to :

© Paolo Leoni, CNL

Jhemp Hoscheit

Wootleche Krich

De Jhemp Hoscheit liest aus sengem neitste Roman vir: Wootleche Krich (Editions Guy Binsfeld, 2018).

Mär sinn am Joer 1965, d‘Zäit vum Kale Krich. An der Schoul geet Rieds vun der rouder Gefor. Et verbreede sech Rumeuren iwwert onsittlech Beréierunge vun engem Meedchen an zwee Massendénger. Dreebréiwer gi verschéckt. Dofir organiséieren e puer Jugendlecher eng Clique a maache sech an hirem Quartier op d‘Sich no engem geféierleche Rouden. Iwwerdeems anerer no der Wourecht, dem Sënn vum Liewen, dem Gléck an der Léift sichen.

Mat sengem neie Roman ass dem Jhemp Hoscheit seng Trilogie aus de 60er Joren ofgeschloss. D‘Handlung vum Wootleche Krich spillt sech 1965 of, tëschent Perl oder Pica (1962) an Aacht Deeg an der Woch (Mee 1968).


Ceci pourrait vous intéresser