Go to :

Kabarö - Total am Bësch

Eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” - “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum - de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn. 

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten „ale“ Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes, wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointeë biologesch ofbaubar.

Et spillen: 

Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: 

Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette

Organisatioun: Mouvement Ecologique asbl.

Mat der Ënnerstëtzung vun der „Œuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte“


Ceci pourrait vous intéresser