Zwou Läichen am Keller
Déifferdenger Theater
D’Marguerite, dat gär säi Pättchen drénkt, an hir Duechter Sophie, eng Kleptomanin, sinn en agespilltent Team. Ëmmer nees geléngt et hinnen, mësslech Situatioune spontan zu hire Gonschten ze dréien.
An Erklärungsnout geroden si allerdéngs, wéi hire Neveu an deem säi Mataarbechter no enger Taass Kaffi, mat Zocker aus enger geierfter Dous, dout ëmfalen. Aus Angscht, an de Prisong ze kommen, verstoppe si déi zwou Läichen am Keller. Dem Sophie säi Frënd Edouard froen se, e Lach am Gaart ze schëppen, angeblech fir e Weier unzeleeën.
Dat erzielen si och hirem Noper, dem Kommissär, deen am Fall vun deenen zwou vermësste Persounen ermëttelt. Awer et kënnt knëppeldéck fir déi zwou Dammen. Wéi den Edouard déi zwou Läichen am Keller entdeckt, erpresst hien si. E Computerchip, deen d’Sophie aus dem Safe vum Neveu senger Firma matgoe gelooss hat, entwéckelt sech zu engem weidere grousse Problem. Wéi dunn déi zwou Läichen nach aus dem Keller verschwannen an onheemlech Saachen am Haus geschéien, sinn och d’Marguerite an d’Sophie um Enn mat hirem Latäin. Oder vläicht awer net...? Wéi ëmmer ënnert dem Motto: Wien hei net laacht, ass selwer schold!
www.tmd.lu