Roland Harsch
Dat grousst Féissbuch
Am Ufank gouf et e Wuert als Irritatioun: FACEBOOK. Op Lëtzebuergesch verstinn ech noutgedronge FÉISSBUCH. Dat wor den Ausléiser, den déclic, oder de gudde Fouss hannebäi.
Dat Buch huet elo 14 Kapitelen, déi sou zimlech alles zur Sprooch bréngen, wat mat de Féiss ze dinn huet. Gläichzäiteg ass dat Buch streckeweis eng ironesch-parodistesch Ausenanersetzung mat de Gewunnechte vum Facebook-Benotzer, deen all Dag schrecklech vill poste muss, fir deen et eigentlech näischt Onwichteges méi gëtt, besonnesch dann, wann et ëm seng eege Persoun geet. Alles ass derwäert, matgedeelt ze ginn, an déi léif Frënn gammse nëmmen drop, fir iwwer alles an d’Bild gesat ze ginn.
Déi fannen et jo och nëmmen normal, hirersäits alles ze posten, wat déi aner einfach interesséiere muss. Mee mir bleiwen ënnen am Beräich vun de Féiss, konzentréieren eis op déi ënnescht Partie vun eise Been, betriede mat eise Fousssuele mol méi, mol manner festen Terrain an hoffen, datt eist Féissbuch sou vill wéi nëmme méiglech gelikt/geliked gëtt. Ganz fréier hätt ee gesot, datt et gefällt.