Go to :

Jean Schoos

Déidlech Ofgrënn

Den drëtten Deel vun der Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm, bréngt de Fischbach a

Verleeënheet. De Chef vun der Brigade gëtt dout opfonnt, mat enger Kugel am Kapp. War et Selbstmord? Doru gleeft de Fischbach net an en ass gezwongen, a sengen eegene Reien ze ermëttelen. Seng Enquête féiert hien 30 Joer an d’Vergaangenheet, bei d’Fräiwëllegekompanie, wou hie Saachen opdeckt, déi jorelaang am Soff verdrängt gi sinn an déi och haut besser keen ze héiere kritt. Kann de Fischbach wierklech public maachen, wat deemools geschitt ass?

Dem Jean Schoos seng Geschichte baséieren op historesche Fakten, déi mat Fiktioun vermëscht ginn.

Musilasch Begleedung vum Paul Klein a Fernand Weis. 


Ceci pourrait vous intéresser