Go to :

© Raoul Trentin

Märd alors!!!

Eng bësseg Chronik - 2018 ënnert d’satiresch Lupp geholl

Wéi schonn 2017 mam „Sorry fir deen Duercherneen’’ – e satiresche Réckbléck op d’Joer 2016 –, mat deem de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit op Tournée waren, ginn déi zwee Artisten 2019 nees op Tournée mam neie satiresche Réckbléck op d’Joer 2018, ënnert dem Titel: ‘Märd alors!!!’. 

Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen – déi national an international Aktualitéit gëtt mat Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënnert d’Lupp geholl. Hien trëtt am Wiesselspill mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsonge fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.