Go to :

Makadammen

Alles FÉIK... oder wat?

Verluecht op den 11. Mäerz 2019

Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht.

Sou hu sech och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt, wou alles nëmme Féik ass????

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Beliichtung an Technik: On Stage Light

Méi Detailer op: www.makadammen.lu