Go to :

Complet

LuxiLeaks

mam Cabarenert

Wat war dat eppes déi lescht Zäit. Et gouf gemauschelt, taktéiert a lamentéiert. Et ass alles drënner an driwwer gaangen.

De Lëtzebuerger Premier hat emol keng Zäit méi, fir sech ëm Europa ze bekëmmeren, well hie permanent mat esou lästegen a penibele Problemer hei am Land emmerdéiert war.

De Bommeleeërprozess, d’Geheimdéngschtaffaire, eng Regierungskris mat virgezunnenen Neiwalen. Leit, déi alles wëssen an näischt soen; Politiker, déi vill schwätzen an näischt wëssen.

De Geheimdéngscht huet op jiddwer Fall dem Bierger keen Déngscht geleescht. Dat wat si iwwert engagéiert Leit aus dem Vollek erausfonnt hunn, dat gi mir gewuer, wann d’SREL-Archiven net méi versigelt sinn, an d’Dossiere virdrun net an de Schredder gefall sinn.

Et gëtt héich Zäit, datt d’Kelleren an d’Späicheren ausgemëscht ginn hei am Land. Et gëtt Zäit, datt bei eis och emol Leit, wéi dee Manning an dee Snowden an Amerika, Liicht op all déi Läiche geheien, déi dorëmmer verschäert goufen.

Mir kënnen Iech awer och soen, wat eiser Meenung no alles schif leeft.