Go to :

LUNDI LITTÉRAIRE

Jeff Herr - Uelzechtdallkrimi

Eng Läich moies fréi an der Uelzecht ass guer näischt fir de Kommissär Jacques Majerus. De Problem ass awer net, dass de Jacques schaffe muss, mee dass hien nach näischt giess huet. Wann de Mo bis gestäipt ass, geet et dann och mat der Enquête un. Déi erweist sech awer als schwéier, well et guer keng Unhaltspunkte ginn. Lues awer sécher kënnt awer alles an d’Rullen an de Jacques kläert net nëmmen dës Affär op, mee verhënnert den Doud vun enger Schouljoffer aus der Fiels. Mat deene Jofferen huet hie sech souwisou déi ganz Zäit, besonnesch mat enger.

Isabelle Chaussy begleet den Auteur um Akkordeon. 


Ceci pourrait vous intéresser