Go to :

LOS COYOTOS

Clownskinski’s

Den Joe Del-Toe ass en Uewerkuerer Jong, deen 2015 den Clownentheater entdeckt huet. Ufanks war et just eng Faszinatioun fir „Gesondheet!Clown“, d.h. fir eng individuell Interaktioun mat Patienten.

An den zwee Joer Ausbildung huet de Joe och Erfarungen am Beräich vum Stroossentheater an als Bühneclown gesammelt. D’Bühn huet hie säitdeem net méi lassgelooss.

Déi Leidenschaft deelt de Joe mat senger schwäizer Partnerin Martina Leder. Si hu sech wärend der Ausbildung, an der Tamala-Clowns-Akademie zu Konstanz, kennegeléiert.

Zesumme bilden si d’Team „Los Coyotos“. Ewéi Kojote sinn si schlau, verspillt an net ze duerchkucken. Wat do wuel dohannert stécht?!

Bei sengem aktuelle Programm „Los Coyotos“ huele si, den Zuschauer, mat op eng Rees voll Musek, Danz, Fantasie an u sech selwer scheiteren. Déi Rees gëtt vu Clownegëtter geleet.

D’Clownen huelen sech all Fräiheet op der Bühn, si si fräi vu gesellschaftleche Reegelen an Normen, Grenzgänger, déi ëmmer erëm d’Faszinatioun vir de „Moment“ liewen.