Go to :

Peffermill(ch)en -

An um Enn och nach e Buch!

En Experiment!

Am Dezember 2016 huet de Lëtzebuerger Literaturarchiv e Buch iwwert d'Geschicht vum Kabaretsensembel Peffermill(ch)en erausbruecht. D'Peffermill(ch)en huet zwar decidéiert fir keng nei Programmer méi ze ze spillen, mee si wëllt versichen dëst Buch virzestellen.

Wéi awer stellt e Kabaretensembel säin eegent Buch vir?

Ass e Kabaretsbuch iwwerhaapt virstellbar? Kabarettisten stellen an hire Virstellunge Programmer mat satireschen Texter vir, mee si maachen sech keng Virstellung iwwert eng Virstellung vun hirer eegener Buchvirstellung. Et kann ee sech awer gutt virstelle bei dëser Buchvirstellung aus deene ville Virstellungen, déi si an deene leschte Jore virgestallt hunn, eng eenzeg Virstellung ze maachen. Da wär dat Buch zwar nach ëmmer net virgestallt, mee Dir hätt eng Virstellung dovun, wat an deene sëlleche Virstellunge virdru virgestallt gouf..., a wat dowéinst alles an deem Buch drastoe kéint.?

Kann een sou eng Buchvirstellung maachen ouni op aktuell Themen ze reagéieren??? Neen!!!

Op der Bühn an Neimënster stinn: Josiane Fritz, Monique Kayser, Denise a Fons Ruppert, déi zesummen mam Claude Lamberty Texter erausgesicht hunn.

De Paul Dahm suergt fir déi musikalesch Ënnerstëtzung.