Go to :

D’GLÜHSCHWÉNGCHEN

D’Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass,wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et beide Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!

D’Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschichtvum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiertvum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016). D’Regisseurin Linda Bonvini an d’Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d’Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounenan d’Kläng vu verschiddene Saxophonen. D’Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer.

Mam Rosalie Maes (Schauspill) a Jessica Quintus(Saxophon).

Text: Nora Wagener a Luc Caregari

Zeechnungen: Carlo Schmitz

Regie: Linda Bonvini

Adaptatioun: Linda Bonvini a Rosalie Maes

Kompositioun: Jessica Quintus

Kreativ Mataarbecht: Jacques Schiltz

Luuchtkreatioun: Dominik Dusek

Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.