Go to :

Sixty8

E Film vum Andy Bausch

De Mee 68 ass Synonym fir eng universell Jugendrevolt,ausgeléist duerch d‘Eskalatioun vun enger ganzer Rei vun Evenementer a Jugendbeweegungen.

Et ass de Broch mat der Erwuessenewelt, d‘Verännerung vunder Sexualmoral an anere soziale Wäerter an enger klengbiergerlecher Gesellschaft.

„Sixty8“ erzielt vun enger Jugend, déi sech eng eegen Identitéit sicht an déi bestoend Verhältnisser a Wäerter vun eiser Gesellschaft a Fro stellt. Vun der Schoul mat hiren autoritäre Proffen a verklemmte Schüler. Vum Vietnam-Krich op der Televisioun, der sexueller Revolutiounan de Meedercher, déi awer fir d‘éischt emol „léiwer nach wollten an deem Kontext bleiwen, deense och kannt hunn, deem Rollespill.“ (Pit Hoerold).

Vun de Konsdrefer Scheieren, der Konzeptkonscht a Pop-Art an engem verstëbste Ländchen. Vun der Rockmusek, déi all d’Bevëlkerungsschichte verbonne huet, op politesch aktiv oder net. A schlussendlech vun de Schülerstreiken am Abrëll 1971, de Solidaritéitsmaniffen nom „Rausschmiss”-vu véier Schüler am Dikrecher Lycée, vun der Rouder Wullmaus, der revoltéirender, antiklerikaler Schülerzeitung,déi wéinst Pornographie an „injure à un culte établi“ vun engem Paschtouer viru Gericht geholl gëtt. De Maoisten, de „Möchtegern-Hippien“, de Schmuddelkanner aus dem Dany Cage an de frëndlechen Häre vun der Sûreté.

Erzielt gëtt dat alles vun den Interview partner, déi deemools all Schüler, Studenten oder jonk an anti-autoritär Proffe waren. Et ass aus hirer Siicht wou d‘Beweegunggewise gëtt. Et war hire Kampf, hir Musek an hir Revolt - an engerZäit, déi hei zu Lëtzebuerg méi gro a muffeg wéi psychedeelescha fräi war.


Ceci pourrait vous intéresser