Go to :

RUSTY BOYS

E Film vum Andy Bausch

Wann déi al Herrschaften sech net esou behuelen wéi hir Kanner sech dat virstellen, da sinn déi fatzeg iwwerfuerdert.

Si hu scho Schwieregkeete genuch hir eege Kanner an der Gitt ze halen, elo ginn déi Al och nach opsässeg.

De Fons Kayser (70), de Jean-Louis« Lull » Hemmer (82), den Nicolas « Nuckes » Heinen(65) an de Jängi Jaminet (84) hunn sech e Liewelaang net erëm kommandéiere gelooss a wëllen sech och elo näischt méi gefale loossen.

Zesumme plangendéi 4 Hären hir Zukunft ouni Altersheim. Den Nuckes ass déi dreiwend Kraaft. Als alen 68er weess hie wéieen de Widerstand organiséiert, mee dat Ganzt ass awer méi einfach gesot wéi gemaach!

Mam André Jung, Marco Lorenzini,Pol Greisch, Fernand Fox,Josiane Peiffer

Réaliséiert vum Andy Bausch

Produzéiert vum Paul Thiltges, Adrien Chef

No der Projectioun fënnt nach eng Diskussiounsronn statt mat de Protagoniste vum Film.