Go to :

Wiplala

WIPLALA ass eng Abenteuerkomedie fir d’ganz Famill. De Film zielt d’Geschicht vun engem butzegklenge Männi, just 10 cm héich, mat magesche Kräften. Keen Troll oder Zwerg. E klengen Här! E Wiplala!

Nodeems de Wiplala säi Land verlooss huet an duerch e Mauslach gekrabbelt ass, geréit en zoufälleg an d’Kiche vun der Famill Blum. De Jonathan, den néng Joer ale klenge Jong vun der Famill, entdeckt hien a si gi schnell Spillpartner. Mä de Johannes packt et net, säi Geheimnis laang fir sech a säi Kolleg verstoppt ze halen.

An dunn, nodeems de Wiplala duerch e mëssgléckten Zaubertrick d’ganz Famill Blum op seng Gréisst verklengert, ass et den Ufank vun engem spannenden an abenteuerlechen Erliefnis vun de Klengen an der Welt vun de Giganten!