Go to :

Lundi littéraire - Laurent Kalmes

De Laurent Kalmes krut mat 21 Joer d’Diagnos MS (Multiple Sklerose) gestallt. Fir de sportleche jonke Mann ass deemools eng Welt zesummegebrach. Um Déifpunkt vu sengem Liewen ukomm, wollt hien sech souguer d’Liewen huelen.

 

7 Joer drop sëtzt de Laurent grinsend a sengem Rollstull a seet „Ech maachen all Dag zu deem beschten Dag aus mengem Liewen“.

 

A sengem Buch „Liebe dein Leben“ erzielt de Laurent net nëmme seng komplett Geschicht ongekierzt an onzenséiert. Hien erkläert och op eng logesch a liicht ze verstoend Aart a Weis, wéi hien et gepackt huet, aus dem déifsten Dall vun der Depressioun op den héchste Gipfel vun der Liewensfreed ze klammen. Trotz Rollstull!

 

An dëser Konferenz stellt de Laurent d’Essenz aus sengem Buch fir a steet uschléissend fir Froen an Äntwerten zur Verfügung.