Go to :

Lundi littéraire - Pol Freisch

„Tëscht Kaz a Kueder“ ass eng Usammlung vun eenzelne Kuerzgeschichten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn an trotzdem op eng gewëssen Aart a Weis matenee verbonne sinn. Dëst duerch déi tëschemënschlech Relatiounen, déi net ëmmer esou verlafen, wéi sech dat d’Haaptprotagoniste virstellen. Identitéit, Frëndschaft a Léift; mol glécklech, mol verluer oder souguer verpasst; stinn am Fokus vum Pol Greisch sengem Wierk. Op deels lëschteg, deels eescht Manéier bréngt den Auteur de Lieser zum Nodenken a weist, dass d’Liewen een dach ëmmer erëm iwwerrasche kann...

Eng vun dëse Geschichten ass „Hien“:

„Hien“ erzielt vun enger klassescher Familljekonstellatioun – Mamm, Papp, Bouf – déi insgeheim ganz droleg ass. Dem Papp säin Dram war et ëmmer, ee Meedchen ze kréien, „well et ower dee kripege Bouf gouf, wor dee fir hien, de Papp, net de Pitti, de Poli, den Nicki, den Toni, de Jempi, de Jimm, mä ganz einfach – quasi als Strof: HIEN.“ De Bouf hat sech domat offonnt, doheem just „Hien“ geruff ze ginn, a mat der Zäit war hien esouguer fest dovunner iwwerzeegt, dass dat säi richtegen Numm wier. Bis enges Daags säi Franséischproff hien no sengem Numm gefrot huet, du war dee klenge Bouf komplett iwwerfuerdert a konnt just nach tuddelen: „«Je... il... lui.» Du wor Hien de Louis. Ower nëmmen an der Stad. Doheem blouf hien HIEN.“ Et hat jo ni een him säi richtegen Numm gesot.

Pol Greisch

De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der „Warte“, de „Cahiers luxembourgeois“, dem „Lëtzebuerger Almanach“, der „Galerie“, bei „Arts et Lettres“), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker, vun deenen opgefouert goufen:

„Äddi Charel“ (1966), „Besuch“ (1969), „Ënnerwee“ (1978), „E Sieschter Räinetten“ (1980), „Grouss Vakanz“ (1980), „Viru mam Jabel“ (1981), „Margréitchen“ (1986), „De Bucki“ (1986), „De laangen Tour“ (1988), „Kellerzerwiss“ (1992), „E Stéck Streisel“ (1992), „E Platten“ (1995), „Léiwe Kleeschen“ (1997), „Eng Heemelmaus“ (1999), „Wanter & Aarme Louder“ (2001), „Kiischtebléien“ (2003), „Belle-Ile & Fënsterdall“ (2008), „Dame blanche“ (2010), „Äiskal“ (2015).

2000 koum „Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif“ (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman „Mäi Frënd Benn“ (Phi); 2009 „D’Sonnesäit“, „Gedichter a Geschichten“ (Phi); 2012 „De Monni aus Amerika, Geschichten“ (ultimomondo).

Präméiert goufen ë. a.: 1979 „Grouss Vakanz“ mam 1. Präis am Concours littéraire national; d’Trilogie „Äddi Charel – Besuch – E Stéck Streisel“ mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an „De Monni aus Amerika“ mam Prix Servais 2013.


Ceci pourrait vous intéresser