Go to :

Ooops! Den Noah ass fort...

Hutt Dir iech och net eng Kéier d’Fro gestallt, wat mat den Déiere passéiert ass, déi deemools d’Arche verpasst hunn?

Wéinst engem blöde Mëssgeschéck verpassen de jonken Naschti Finny and d’Grimp-Mädchen Leah de Moment, wéi d’Schëff seng Rees ufänkt a bleiwe ganz eleng op festem Buedem zréck. Schëff fort, Eltere fort, Flut do! Well se keen anere Choix hunn, maachen sech déi 2 Kanner op de Wee duerch ganz vill wëll Plazen an erliewen eng komplizéiert awer wonnerschéin Zäit zesummen, léieren nei Kollegen kennen, fir dem Schëff iergendwéi nozekommen. Well nëmmen zesummen a mat vill Courage kënnen se dës lëschteg a spannend Aventure packen.

Um Schëff probéieren de Papp Naschti Dave an d‘Mamm Grimp Kate alles ze maachen, fir d’Schëff ëmzedréinen an hir Kanner ze retten. Mat vill Fantasie a Geschéck erliewen och si witzeg Momenter zu 2. Eng turbulent Odyssee fänkt un...

Sidd prett fir „Ooops! Den Noah ass fort”, déi schéin-

ste Rees duerch Mier, Frëndschaft, Courage a lëschteg Momenter vum Joer!


Ceci pourrait vous intéresser