Go to :

Plakeg a mat vill Gejäiz

Tri-2-Pattes

Jo, si sinn erëm do, déi dräi vun Tri-2-Pattes! Mä leider dréit och dës Kéier nach net alles ronn bäi hinnen. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och: méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert an awer muss Faarf bekennen. T’ass fir ze jäizen. Mä: Nobody is perfect!
An deem Sënn invitéieren si all Betraffen op ee lëschtegen an turbulenten Owend. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet, fir iwwert sech selwer ze laachen ... An all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen.
Och dëse Comedy-Programm ‚Plakeg a mat vill Gejäiz’ ass ee ganz ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder... An dat Ganzt och nach fir e gudden Zweck. De Bënëfiss geet nämlech integral un d’Association EBS – Ecole de Brousse au Sénégal Lëtzebuerg.

www.tri2pattes.lu


Ceci pourrait vous intéresser