Go to :

Lundi littéraire: Pit Wagner

De Bommeleeërprozess liwwert e geniale Scenario fir e Politkrimi, eng Tragikomedie an 176 Akten mat Optioun op Verlängerung. Gendarmerie, Police an Arméi, Monarchie, Presse, CIA, FBI an NATO, Justiz, Geheimdéngscht a Ministeren, sämtlech Staatsstrukturen spillen eng Roll an deem Theaterstéck, wéi et besser net erfonnt ka ginn. Et ass eng Mëschung vun John le Carré a Laurel & Hardy, eng Reality-Show, déi eis Neiwahlen an eng aner Regierung geschenkt huet. 
De Pit Wagner huet am Geriichtssall aus verschiddene Wénkele gezeechent an notéiert. Während engem Deel vum Prozess souz hien hannert dem Riichterpult, fir alles aus der Perspektiv vun de Magistrate festzehalen. 
Déi Experienz huet hien an zwee Bicher erëmginn, mat den Zeechnungen aus dem Geriichtssall a kuerzen Texter. D’Entstehung vun deene Bicher ass och e Prozess, an den Auteur verzielt mat Begeeschterung iwwer dat Abenteuer.
Informatiounen: +352 58 77 1-1920