Go to :

Zickelalarm II

Roland Meyer

Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

 

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, PEP, Zikelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik... 

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht! 

No dem Zikelalarm 2013, deen de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d‘Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist, Servais-Präis-Gewënner 2015 an... Schoulmeeschter elo no: den Zikelalarm II hëllt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison-relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien, an dobei kann de Roland Meyer net, roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer  kompromis-, respekt- a matleedslos deen aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht... a begleed den Enseignant duerch een Dag an deem sengem Liewen.

Ënnerstëtzt gëtt hie vun „Just Friends“, déi Klassiker aus den 30er bis 50er Joeren vum leschte Joerhonnert spillen.


Ceci pourrait vous intéresser