Go to :

Zuppermänner

Zuppermänner – korrekt: d’Supermänner – sinn déi Halschent vun der Mënschheet, déi ëmmer nees mat grandiosen Iddien opfällt: si schnëssen, bis se bal keng Stëmm méi hunn, himmelen d’Technik un, och wa se guer nët fonctionnéiert, fille sech Fraen haushéich iwwerleeën, hale sech fir politesch Capacitéiten, verkafen och hir gréissten Dommheeten nach als Glanzleeschtungen, triede gär a grotesken Uniformen op (als Pompjee, Zaldot, Grandück, Finanzgenie, Rebell, Kaploun a Paschtouer), erfanne surreal Saachen, wëllen ëmmer nëmmen dirigéieren, dominéieren, intriguéiren, spekuléieren, randaléieren, dementéieren, theoretiséieren, paradéieren an impressionéieren. Si sinn ebe vu Kapp bis Fouss ganz einfach zupper.

Dat Besonnescht um Guy Rewenig sengem neie Cabaret-Programm Zuppermänner ass, datt hei eng Fra – d’Schauspillerin Christiane Rausch – en duerch an duerch sarkastesche Bléck op déi komplex Männerwelt werft. Den Jazz-Museker Jitz Jeitz däerf mat Saxofon a Klarinett de Prototyp vum Mann spillen.

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg (www.tnl.lu)

Regie: Guy Rewenig

Musek: Jitz Jeitz

Mam: Christiane Rausch, Jitz Jeitz