Go to :

Local Heroes Night

Local Heroes ass den Owend vun de lokale Bands aus Lëtzebuerg. Et ass eng Méiglechkeet, Talenter aus dem Land ze héieren an ze gesinn, an dat an engem flotte Kader am Ale Stadhaus zu Déifferdeng. 

Quantum Dot 

Quantum Dot sinn 3 jonk Männer (Patrick Ribeiro, Philippe Walter, Lionel Jeusette), déi zu Bréissel Musek studéieren. Wat mat enger Jam no de Coursen ugefaangen huet, ass zu enger Band gewuess. Si spillen eng ganz flott Mëschung vun elektronescher Musek gekoppelt un elektronesche Beats. Quantum Dot kommen op Déifferdeng mat hirem néien Album „Deschooling Society”, deen am Juni erauskomm ass. Weider informatiounen fannt dir um Site www.quantumdotmusic.com 

No Metal in This Battle

Wéi den Numm et seet, ass et keng heavy Musik. Hei proposéieren eis den Nunz, Marius, Gianni an de Pierre eng flott Mëschung vun Indie Rock an Afro-Punk. D‘Resultat si Musekste?cker, déi zum Danzen opruffen an eng flott Stëmmung mat sech bréngen. Et ass schonns derwäert se live ze erliewen, well hir Musek eis an eng gewësse Sphär begleed dozou oprifft, dat ganzt op sech wierken ze loossen an ze genéissen. 

Fox

FOX ass em 2013 gegrënnt ginn an zielt als Member den Jimmy Leen, Charles Stoltz, Jerome Klein, Dirk Kellen, Aloyse Weiler an Tom Gatti. Hir Musek ass geprägt vum Sound aus de 60er an 70er. Dobäi kommen intressant Pop-Rock-Stécker op, déi groussen internationale Bands gewuess sinn. D‘Influenze vun de verschidde Museker sinn am Rock, Pop, Jazz a Blues erëmzefannen. Hiren eponymen Album ass 2015 erauskomm a weist, eis wat dës jonk Band kann.


Ceci pourrait vous intéresser