Go to :

Réckbléck an d'Zukunft

Cabarenert

Mir schreiwen d'Joer 2023. Et hätt alles esou schéi kënne ginn. Wat hate mir eis net alles vun deem Regierungswiessel erhofft. D'CSV war aus der Regierung geputscht ginn. Dat war op jiddwer Fall emol hir Interpretatioun vum Walresultat. Wat hate mir eis gefreet op déi frësch Loft aus Gambia no de Walen am Joer 2013. Bis de Wand eis ze vill ëm d'Ouere geblosen huet. An esou richteg frësch war déi Lëftchen eigentlech och net. Éischter e bëssen ofgestanen oder, besser gesot, ofgesiess vu Parteien, déi d'Land moderniséiere wollten awer keng Loscht haten, fir sech selwer ze erneieren. A wéi sti mir haut do? 10 Joer an zwou Legislaturperioden duerno? Mam Briet virum Kapp a mam Réck laanscht Mauer. Wat ass ginn aus deene blo - gréng - roude Weltverbesserer? Hate mir gemengt, mir wieren d'CSV fir all Zäite lass? Ass d'Kierch elo Geschicht, oder ass se awer nach am Duerf bliwwen? Hu mir eppes geléiert duerch d'Feeler aus der Vergaangenheet? Mee dofir misst ee jo e Schoulsystem hunn, deen ... mee.... Naja! Wann een esou e Réckbléck an d'Zukunft mécht, dann ass een natierlech herno méi gescheit, an et weess een, wat alles schif gelaf ass.

Et spillen Monique Melsen, Karin Seywert, Al Ginter a Marcel Heintz Texter Claudine Muno, Rol Gelhausen, Roland Harsch, Jhemp Hoscheit, Carlo Kass, Jay Schiltz Musek Camille Nanquette, Jeff Schmidt
Regie Guy Geimer
Technik Jaakes Hoffmann, Charles Stoltz
Kostümer Sylvie Hamus, Cristina Kneip