Go to :

Serge Tonnar & Legotrip

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip beweise mat groussem Erfolleg, dass et wichteg ass Geschichten vun hei an elo an der Sprooch vun hei an elo ze zielen. Dem «Eeenheetsbräi fir et am Ausland ze packen» gi si aus de Féiss a sichen ëmmer nees nei Weeër fir de Publikum op ongewinnte Plazen, mat ongewéinleche Kläng z’iwwerraschen. Mam leschten Album «Hämmelsmarsch» komme si dem Ländche kräfteg de Marsch blosen, mat engem lëschteg-makaberen Ofgesang, dee vum Marsch iwwert den Cha-Cha-Cha bis bei déi balkanesch Kläng aus dem ëstlechen Uelzechtdall geet.

Serge Tonnar: Gitar, Gesang

Eric Falchero: Tasten, Mandoline, Gitar, Gesang

Rom Christnach: Bass, Gesang

Misch Feinen: Schlogezei, Gesang

www.legotrip.lu