Go to :

D'Zaubermillen

Muel, Millen, muel, Millen, dréi dech, Mille, muel…

Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelant a koum do bei eng Salzmillen… eng Salzmillen, déi säi Liewe verännert huet.

Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Salzmillen dréinen, muelen, an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!

D‘KËNSCHTLER

D’Betsy Dentzer ass no engem Studium vun der Sozialaarbecht an der Belsch op Berlin geplënnert. Do huet si un der „Universität der Künste” e Master of Arts an der Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am Geschichtenerziele gemaach. Säit Januar 2011 schafft si zu Lëtzebuerg als fräischaffend Erzielerin an Theaterpädagogin. 

Si bidd Erzielproduktiounen, Erzielworkshops a -stonnen, esou wéi Theaterworkshops a - projet’en un. Hier Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener, z.B. am Beräich vun der professioneller Weiderbildung.

D’Florence Weiser ass zu Lëtzebuerg obgewues. No hiirem Studium zu Bréissel ob der ESA Saint-Luc an zu Parais ob der École des Gobelins hued si sech als Illustratrice selbststäneg gemaach.

Haut schafft si gréisstendeels am kulturellen an kënschtereschen Beraich, wéi Jugendliteratur, an der Press oder fir humanitär Organisatiounen. Inspiratiounen krit si durch déi kleng an manner kleng Saachen am Alldaag, der Natur, der Musik, dem Kino, dem Reesen. Ausserdem as si faszineiert vun Typographie, Luut a Faarwen an denen verschidden Ambiancen déi een domat kréeieren kann.