Go to :

Hoplabum -

Poppentheater

Hoplabum Schon zënter 12 Joër triëden di kléng Schauspiller vum Poppentheater Hoplabum op, en Théater fir kléng Leit, wou sech awer och déi Grouss amüséieren. Schon 1995 gouf desst Konzept vum Pit Vinandy fir de ‘’Sandmännche Pit’’ (RTL télévisioun, Eng Stonn Fir Letzebuërg) entwéckelt. Och desst Joër ass erem en neie Programm ugesoot: DEVIATIOUN !

Iwerall si Baustellen an Deviatounen, an elo hun se och d’Péitruss erreecht. D’Kett an d’Frimel faalen an a Baulach a kommen net méi eraus. Nëmmen de Wuppes, dee vun jidderéngem verstouss gouf, kann sie um Enn retten. D’Stéck ass geschriwen vum Pit Vinandy. Hien huet och d’Poppe gebaut, ass Poppespiller, a spillt de Parkwiechter.

De Poppentheater Hoplabum ass e Konzept bei dem de Publikum voll mat abezu gëtt. De Parkwiechter rennt duercht de Sall a séngt mat de Kanner. Am Stéck sin vill Momenter agebaut déi Raum fir Improvisatioun lossen, je no deem wéi de Publikum reagéiert. D’Stéck Deviatioun behandelt op eng douce a léif Manéier d’Themen Rassismus a Mobbing.