Go to :

Big Band vun der

Militärmusek

D’Big Band vun der Militärmusek gouf am Joer 1978 an d’Welt geruff a stoung ënnert der Leedung vun hirem Grënnungsmember den AdjMaj Pol Dahm. Den 2. Mäerz 1979 hat d’Big Band vu Woltz hiren alleréischte Concert. Am Ufank vun den 90er Joren huet den LtCol André Reichling d’Direktioun vum Ensembel iwwerholl. An zënter 1995 steet d’Big Band vun der Militärmusek ënnert der Leedung vum AdCh Ernie Hammes a renomméierte Museker an internationale Jazz-Szenen. De musikalesche Programm féiert vun der traditioneller Big Band Musek bis zum modernen Jazz.