Go to :

Mega Blech

Eng flott musikalesch Geschicht fir Kanner

„Mega Blech“ ass eng flott musikalesch Geschicht fir Kanner vu 4 bis 12 Joer. D’Famill  vun de Blosinstrumenter geet op Weltrees. Op hirem Wee ronderëm de Globus entdecken de Sousaphon, d’Trombone, d’Trompett an de Saxophon eng ganz Rëtsch vu verschiddene Museksstiler, a kréie vill nei Frënn. Vun der klassescher Blosmusek, iwwert den Jazz bis zur moderner Musek, ass bal all Museksrichtung vertrueden. Well d’Musek esou flott ass, an d’Geschicht esou lëschteg a witzeg erzielt gëtt, sinn d’Elteren, d’Bomien an d’Bopien genee esou wëllkomm wéi d’Kanner.

Musek: Robi AREND  
Text: Al GINTER  
Erzieler a Perkussionist: Al  GINTER
Sousaphon: Etienne SIBILLE
Saxophon: Robi AREND
Trompett: Gilles BURGUND
Trombone: Gast GNAD