Go to :

E Kapp voller Wolléken

Op engem Quai: eng Wallis, e Panter, eng Auer déi steet, raschteg Schinnen, keen Zuch wäit a breet. Wat huet dat ze bedeiten?

Ass et en Dram oder ass et Réalitéit? Den Theater.lu geet der Sach op de Fong a versicht et erauszefannen.

E witzegt an nodenklecht Theaterstéck vum Jay SCHILTZ iwwert d’Fro wat um Enn bleift, wann ee nach just Wolléken am Kapp huet.

2013 konnt eisen Ensembel,  an excellenter Spilllaun, ënnert der Regie vum Jacqueline POSING-VAN DYCK an an den Dekore vum Jeanny KRATOCHWIL  mam  Stéck „Aengri ould börds“ vum Jay SCHILTZ ee vu senge gréisste Succès‘e feieren.

 

Regie an Dramaturgie: Jacqueline POSING-VAN DYCK. Dekoren Jeanny KRATOCHWIL. Musek: Michel ZECHES Beliichtung: Jang KRIPPLER

Technesch Assistenz: Charel SCHINTGEN/Marcel HAMILIUS

Et spillen Danielle WENNER, Pierre BODRY, Claude FABER a Claude FRITZ


Ceci pourrait vous intéresser