Go to :

Éierens am Néierens

Verkéiersaccident mat engem Doudegen. Fir de jonken Robert Georges ass d'Liewen eriwwer, ier et esou richteg ugefaang huet. Dobäi war hier grad um Wee bei seng Frëndin Claire, fir am Haus vun dem sengen Elteren d'éischte Kéier virgestallt ze gin!
An elo..... stellt sch d'Fro ... Himmel oder Hell ?.   Eng Fro op déi den Här Engels an d'Madame Deibel, d'Vertrieder vun dësen Institutiounen och keng Aentwert fannen, well de Liewenslaf vum jonke Mann net eendeiteg genuch war! Dofier gëtt de Robert einfach zereck op d'Erd geschèckt. Geléngt et him bannent 24 Stonnen d'Wourecht a nëmmen d'Wourecht ze soen dann huet hien seng Plaz am Himmel verdingt, anerefalls geet de Wee an d'Hell !!!!

E lëschtegt Kaméidistèck an dem där sou richteg härzhaft himmlech a verdaiwelt kënnt laachen

Et spillen ënner der Regie vum Guy Geimer
Stéphan Krack
Anna Conversa
Claude Leus
Nicole Wohl
Rachel Flenghi
Roland Flenghi
Chantal Nether Mentz
Romain Pierrot
Régieassistenz:  Muriel Galeazzi, Anette Leyers, Marco Agostini
Technik: Jean-Marie Heiar

 


Ceci pourrait vous intéresser