Go to :

Lëtzebuerger

Filmweekend

Troublemaker - 1988 (20.12.2014) - 16h00
De Jacques Goudebour, dee gär Johnny Chicago genannt gëtt a vun Amerika dreemt, an den Chuck Moreno léiere sech am Gronn kennen. Kaum entlooss, organiséiere se sech e Klabes, fir en Iwwerfall op e Geldtransporter ze maachen...

Back in Trouble - 1998 (20.12.2014) - 18h15
Den Johnny Chicago gëtt no 10 Joer aus dem Prisong entlooss mam Virsaz, do soubal net méi hannescht ze goen. Säi Kolleg Chuck Moreno huet an der Tëschenzäit e geregelt Familljeliewen. Hien ass dofir net grad begeeschtert, wéi den Johnny enges Daags ugeschäert kënnt mat engem «bommeséchere» Plang, wéi een en Zuch kéint unhalen, fir engem räichen däitsche Rentner, dee seng Suen op Lëtzebuerg wëll bréngen, dës ofzehuelen. Dem Moreno säi klenge Brudder Coco awer ass Feier a Flam...

Trouble No More - 2010 (21.12.2014) - 16h00
Nodeem de Jacques Guddebuer (alias Johnny Chicago) no engem Bankiwwerfall vun der Police erschoss gi war, versicht den Chuck Moreno, mat Hëllef vum Jacques sengem Brudder, dem Ray Guddebuer, dem Johnny Chicago säi leschte Wonsch z’erfëllen: eng Rees an Amerika. Dofir wëlle se seng Äschen op Chicago bréngen.
Allerdéngs sinn dem Jacques seng Fra, d’Jenny, an och seng Duechter, d’Tess, eng Polizistin, vun där Iddi net grad begeeschtert...

Ernest et Celestine (21.12.2014) - 10h30
D’Welt vun de Bieren an déi vun de Mais verdroen sech net gutt. An trotz allem ginn den Ernest, e groussen, ongehuwwelte Bier, an d’Célestine, eng kleng Maischen ouni Elteren, déi beschte Frënn a stellen d’Welt domadder e bëssi op d’Kopp.