Esou fänkt et un! vum Lëtzebuerger
Theater
Sou fänkt et un !
Eng Comédie aus dem franséischen an d’lëtzebuergescht iwwerdroën an adaptéiert vum Zoltan Gaetti
(nom Original Le Début de la fin)
Dem Isabelle Roth sai Mann huet eng ganz drolech Krankheet: hien eelst siwe Mol méi séier wéi sie selwer! D’Isabelle huet es natierlech genuch mat engem Achtzegjähregen ze liewen, woubai sie selwer am beschten Alter ass, a sech och deem entspriechend esou fillt. Sie organiséiert sech einfach mol kuerzerhand ee Lover an décidéiert, hiere Mann ze entsuergen a mat enger jonker Employée vun hierer Firma ze verkoppelen, dem Myriam, dat sie als hir Nièce ausgëtt. Wéi kann et anescht kommen, datt dem Isabelle sai Mann, de Sylvain Roth, sech direkt an d’Myriam verléift. Wat awer net geplangt war, ass datt d’Myriam sech och an den Sylvain verléift, deen an hiren Aen ee flotte, jonke Mann ass...
Et spillt wéi gewinnt d’Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“ mam Nathalie Felten, Martine Haubrich, Will Aust, Raoul Albonetti a Marc Camy.
Regie: Zoltan Gaetti
Scenographie: Sophie Maurer
Inspizienz: Josée Conrardy
Kostümer: Milly Heck
Coiffure a Maquillage: Coiffure et Beauté By Tun