Go to :

Joanna Hudyka ©

PassionFruit Makers Market

4. Editioun

De PassionFruit Makers Market geet a seng drëtt Editioun zu Lasauvange an der Kierch. Kommt laanscht an entdeckt déi coolste lokal Kreateuren op dëser eenzegarteger Plaz.

En Dag voller Konscht, handgemaachte Produkter a kënschtlerechen Entdeckunge wéi Schmuck, Keramiken, Kaarten, Prints, Design-Kleeder a villes méi. Kommt a shoppt vu ronn 30 lokale Kënschtler*innen, Handwierker*innen a Marken an engem eenzegaartege Kader.

De PassionFruit Makers Market ass organiséiert vun Alchemilla Lëtzebuerg, ee klengen Online-Buttek, dee selbstänneg Kreateuren aus aller Welt ënnerstëtzt.

Virun der Dier fannt Dir sëllege Foodtrucks, déi fir Iessen a Gedrénks suergen.

Méi Informatiounen fannt dir op www.alchemilla.lu.

Organisatioun:
Alchemilla Lëtzebuerg