Go to :

Moien, mir si Gefiller!

Luxembourg Collective of Dance

Krus du scho vun Opreegung kee Wuert méi raus? Oder bass richteg rose ginn? Huet däi Bauch schonn eng Kéier gekribbelt? Oder wollts du vu Freed an d’Luucht sprangen?
Sinn dat villäicht Gefiller? A wéi geet ee mat deenen ëm? Freed, Trauer, Angscht, Opreegung, Gléck, Roserei oder Neutralitéit – all dës Emotiounen erfuersche mir mat dir zesummen. Zwou Dänzerinnen an e Museker weisen dir, wéi si déi verschidden Emotioune spieren a wéi d‘Gefiller hiren an däi Kierper kënne beaflossen. Komm mat an eng Welt voller Emotiounen, 
Beweegung, Faarwen a Kläng!

Ateliers pédagogiques

Ateliers pédagogiques ginn op Ufro virun oder no der Virstellung ugebueden. En Dossier pédagogique gëtt zur Verfügung gestallt.

Zousätzlech Informatiounen

Konzept a Projetsleedung: Sandra Beck

Choreografie: Sissy Mondloch

Danz: Sissy Mondloch, Ileana Orofino

Musik: Amit Dhuri

Choreografesch Begleedung: Giovanni Zazzera

Kostüm a Bünebild: Lynn Scheidweiler

Theaterpedagogesch Begleedung: Milla Trausch

Grafikdesign: Oriana Weyer

Produktioun: LUCODA – Luxembourg Collective of Dance

Koproduktioun: Mierscher Theater

Partner: Fondation Sommer, Centre d’Information et Prévention – D’Ligue

Mat der Ënnerstëtzung: vun Fondation Sommer, OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Indépendance by BIL

Alter: ab 6 Joer

Dauer: 50 Minutten

Sprooch: Ouni Wierder