Go to :

Jemp Schuster

Musikalesch Begleedung: Claire Parsons

De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman Béischten. (Verlag KREMART, 2023). E stellt sech an d’Rei nieft déi zwee aner Romaner: Bluttsëffer (2020) an Ouereschlëffer (2021). Et ass awer eng ganz nei Geschicht.

An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949, Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.

Zanter hirem éischte Präis um Luxembourg Music Awards am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.

2020 huet si hire Studium am Jazz-Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.

Reservatioun: Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1920.

Organisatioun: Bibliothèque municipale Differdange

Partenaires


Ceci pourrait vous intéresser